The Madonna of the Streets
Mary's Rosaries

Home Page

Contact Us

Make a Payment, Methods of Payment, Refund and Exchange Policies

Rosaries
subpages:

How to Pray the Rosary
subpages:

Pictures Main Page
subpages:

Curriculum
subpages:

Website Terms of Use

License Agreement

Sitemap


The Work of God's Children

Luxembourgeois Rosary Prayers
This language is also known as Luxemburgish, Luxemburgian, Luxembourgish, Letzburgisch, Lëtzebuergesch, Moselle Franconian, and Frankish.
This language is spoken by 300,000 people in Luxembourg.  It is also spoken in Belgium, France, and Germany
.


See also The Work of God's Children page for the illustrated version of prayers in this language.
D'Kraizzeechen / Sign of the Cross / Signum Crucis
Am Numm vum Papp, am Sohn, am Hellege Geescht. Amen.


D'Kraizzeechen / Sign of the Cross / Signum Crucis

Am Numm vum Papp a vum Sonn a vum Hellege Geescht.

Amen.


Glawensbekenntnis / The Apostles' Creed /
Credo

Ech gleewen un den Herrgott, de Papp,
deen all Muecht huet,
deen Himmel an Äerd erschaf huet;

an u Jesus Christus,
säin eenzege Sonn, eisen Här,
empfaang duerch den Hellege Geescht,
gebuer vu Maria, der helleger Jongfra,

gelidden ënnert Pontius Pilatus,
gekräizegt, gestuerwen a begruewen;
hien ass erofgaang an d'Räich vum Doud,

operstan den drëtten Dag
an opgefuer an den Himmel;
hie sëtzt rietserhand vum Papp,
deen all Muecht huet;
vun do kënnt hien,
fir déi Lieweg an déi Doudeg ze riichten.

Ech gleewen
un den Hellege Geescht,
un déi helleg, kathoulesch Kierch,
un d'Gemeinschaft vun den Hellegen;

ech gleewen, datt d'Sënne verzie ginn,
datt déi Doudeg operstinn,
an un d'éiwegt Liewen.

Amen.



  GEBIET VUN EISER HÄR /
Eise Papp / Our Father / Pater Noster


Eise Papp am Himmel,
däin Numm sief gehell
égt.
Däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien
wéi am Himmel sou op der Äerd.
Gëf äis haut eist deeglecht Brout,
verzei äis eis Schold,
wéi mir och dene verzeien,
déi an eiser Schold sin.
Féier äis nët an d'Versuchung,
mä maach äis fräi vum Béisen.
Amen.

Another version of
Eise Papp / Our Father / Pater Noster

Eise Papp am Himmel,
däin Numm sief gehellegt,
däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien,
wéi am Himmel,
sou op der Äerd.

Gëff eis haut eist deeglecht Brout,
verzei eis eis Schold,
wéi mir och deene verzeien,
déi an eiser Schold sinn.

Féier eis net a Versuchung,
mä maach eis fräi vum Béisen.
Amen.


Doxology
Well däint ass d'Räich
an d'Muecht
an d'Herrlechkeet
an Éiwegkeet.


Another version of
  Eise Papp /
Our Father / Pater Noster
Eise Papp am Himmel
helleg sief däin Numm.
Däi Räich soll kommen.
Däi Wëll soll geschéien op der Äerd
ewéi am Himmel.
Gëff äis haut eist deeglecht Brout,
verzei äis eis Schold,
wéi mär och dene verzeien,
déi an eiser Schold sin.
Féier äis nët an d'Versuchung,
mä maach äis fräi vum Béisen.  Amen.


Another version of
 
Eise Papp / Our Father / Pater Noster
Eise Papp a Himmel,
helleg siew Däin Numm.
Däi Räich soll kommen,
Däi Wëlle soll geschéien
wéi am Himmel sou op der Ärd.
Gëf eis haut eist deeglecht Brout,
verzeih äis eis Schold.
Sou wéi mir och deene verzeien
déi an eiser Schold sinn.
Féier eis nët an d'Versuchung
mä maach eis fräi vum Béisen.
Amen.

Free dech, Maria / Hail Mary / Ave Maria
Free dech, Maria,
ganz an der Gnod,
den
  När as mat dir,
du bas
  geseent ënnert de Fraen
a geseent as Jesus, d'Kand
dat's de dréis,
Helleg Maria, Gottesmamm,
beit fir äis Sënner, elo
an an der Stonn vun
eisem Doud.
Amen.

Éier dem Papp / Glory Be to the Father / Gloria Patri
Éier dem Papp an dem Sonn an dem Hellege Geescht,
am Ufank, elo an ëmmer an éiweg.
Amen.

Scholdbekenntnis / I Confess / Confiteor

Ech bekennen eiser Härgott, deen all Muecht huet,
an iech, Bridder a Schwësteren:
Ech hu gesënnigt
durch villes wat ech geduecht a gesot,
gemaach an ënnerlooss hun;
t'as meng Schold, t'as meng grouss Schold.
Duefir bieden ech d'helleg Gottesmamm,
all Engelen an Helleg,
an och iech, Bridder a Schwësteren,
fir mech ze biede bei Gott, eisem Här.


Èier dem Härgott / Glory to God / Gloria
Èier dem Härgott am Himmel,
a Fridd op der Aerd, de Mënschen, déi hien gär huet.
Mir luewen dech a veréieren deng Guttheet,
mir bieden dech un a verkënnegen déng Gréisst;
mir soën dir merci fir déng grouss Härlechkeet.
Här a Gott, Kinnik vum Himmel,
Härgott, allmächtigen Papp.

Här Jesus Christus, eenzege Sonn,
Här a Gott, Lamm Gottes, Sonn vum Papp,
du hëls d'Sënde vun der Welt ewech,
erbaarm dech eiser!
Du hëls d'Sënde vun der Welt ewech,
erhéier eist Gebied.
Du sëtz rietserhand vum Papp,
erbaarm dech eiser.
Well du eleng bas den Hellegen,
du eleng bas den Här,
du eleng bas den Héchsten, Jesus Christus,
mam Hellege Geescht
an der Härlechkeet vu Gott, dem Papp.
Amen.


Ech glewen un den Härgott / The Apostles' Creed  / Credo
Ech glewen un den Härgott,
de Papp, deen all Muecht huet,
deen Himmel an Aerd erschaf huet;
an u Jesus Christus, säin eenzege Sonn, eisen Här,
gebuer vu Maria, der helleger Jongfra;
gelidden ënnert Pontius Pilatus,
gekräizigt, gestuerwen a begruewen;
Hien ass erofgaang an d'Räich vum Doud,
operstan den drëtten Dag
an opgefuer an den Himmel;
Hie sëtzt rietserhand vum Papp,
deen all Muecht huet;
vun do kënnt hien,
fir déi Lieweg an déi Doudig ze riichten.
Ech glewen un den Hellege Geescht,
un déi helleg kathoulisch Kiirch,
un d'Gemeinschaft vun den Hellegen;
ech glewen, datt d'Sënde verzië gin,
datt déi Doudeg operstin,
an un d'éiwegt Liewen.
Amen.

Helleg, Helleg, Helleg / Holy, Holy, Holy / Sanctus

Helleg, helleg, helleg bas du, Här, Gott Sabaoth!
Himmel an Aerd si voll vun denger Härlechkeet.
Hosannah héich am Himmel.
Héich gelueft sief hien, dee kënnt am Numm vum Här.
Hosannah héich am Himmel.

Eise Papp / Our Father / Pater Noster / Vater Unser

Eise Papp am Himmel,
däin Numm sief gehellégt.
Däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien
wéi am Himmel sou op der Aerd.

Gëf eis haut eist deeglicht Brout,
verzei äis eis Schold,
wéi mir och dene verzeien,
déi an eiser Schold sin.
Féier äis nët an d'Versuchung,
mee maach eis fräi vum Béisen.

Well däint as d'Räich an d'Muecht
an d'Härlechkeet
fir ëmmer an éiweg.
Amen.

 Lamm Gottes / Lamb of God / Agnus Dei

Lamm Gottes, du hëls d'Sënde vun der Welt ewech:
erbaarm dech eiser!
Lamm Gottes, du hëls d'Sënde vun der Welt ewech:
erbaarm dech eiser!
Lamm Gottes, du hëls d'Sënde vun der Welt ewech:
gëf eis de Fridden!



Creative Commons License
The contents of this webpage are licensed under a Creative Commons Attribution 3.0 License.
Valid HTML 4.01 Transitional
(this is the bottom of page)